SEPTEMBER 2021
Wow, ech gesi lo grad datt et ee Joer hier ass datt ech dee leschte Post geschriwen hun. Eng lang Zait, mee wéi der all wësst haat Corona eis fest am Grëff an Degustatiounen bei iech doheem ware net méiglech. Gotte sei Dank ass dest elo nees méiglech a muer kann ech da nees Wäiner presentéieren. Wëllt och dir eng Dégustatioun bei iech doheem machen, da kontaktéiert mech a mir machen eppes aus. Bis hoffentlech gesxchwënn.

SEPTEMBER 2020
Dëst Joer ass scho komesch, oder? Durch de COVID19 ass munneches durchernee gehait gin a fir jidereen, oder déi meescht, huet et a ville Saache verzichte geheecht. Och fir eis ass d’Italierees mat der Famill verluecht gin an e Besuch bei de Wënzer war net méiglech. Trotzallem freet et mech dofir, datt trotz den Emstänn eng nei Kollaboratioun mat engem neie Wënzerbetrib zustaan komm ass. Wéi ass daat gang froot der iech bestëmmt? Majo heiandsdo brauche Saache méi lang bis dat eppes doraus get, an esou war et och hei. Wéi ee gudd Wäin dee raife muss bis datt een en drenkt wann ech mer dee Verglaich erlaaben dierf ;o) Virun zwee Joer hun ech dëse Betrib kenne geléiert, 3 Frënn déi 1979 ugefang hun Riewen ze planzen an ausschliesslech Spumante, (Crêmant) hierzestellen. Virun 2 Joer huet et sech net erginn datt ech hier Produiten krut, mee dëst Joer huet et geklappt an deemnext wert der 4 verschidden Zorte Spumante exklusiv bei Haus Nummer 1 fannen. Freet iech drop. Demnext méi…



Dee neien Olivenueleg extra vergine ass ukomm. Ausserdem dee Neie Joergang (2015) vum Topseller LO SCOPAIO. Op de FIRSI musst der iech nach e besse gedellegen.
MOMENTAN AUSVERKAAF: Nëmme nach e puer Fläsche vu folgende Wäiner aus der Toskana si momentan ze kréien.
* Bellebolle
* Il bosco
* L’Arrogante
* Olio di oliva
Demnext kënt eng next Palette un.
MOMENTAN AUSVERKAAF: Ech hat iech gewarnt, de FIRSI ass no der éischter Dégustatioun schon ausverkaaf. Mat e besse Chance kréien ech am Juli nach e puer Këschte no. Macht iech bai.
NEW ENTRY: Endlech ass en do, de FIRSI. Ee sëffege Rosé aus der Vernatschdrauw vum Kandlerhof. Macht iech bai…

NEI DOBAI: Vun dësem Joer un vertrieden ech d’Wäiner vun engem neie Wënzer aus Südtirol (Alto Adige), dem Hannes Spornberger vum Kandlerhof zu Bozen.
NEW ENTRY: An der Gamme vu Jasci e Marchesani fannt dir ee neie Wäin , de Rudhir Chardonnay.
PRAISHAUSSE: Well Transportkäschten an d’Luucht gaange sinn hun ech de Prais vu verschidde Wäiner missen erhéijen. D’Praisser gesidd dir am Shop.