San Severo lait um Ufank vun der Regioun Apulien, ronn 30 Kilometer vun der Regionalstaad Foggia an circa 20 Kilometer vum Mier ewech. Et ass eng sonneverwinnte Regioun mat exzellente Wäiner. D’Kellerei d’Araprì ass 1979 vun drai Frënn an Liewe geruff gin a sie produzéieren eng Rei aussergewéinlech Spumanti. Haus NUmmer 1 huet elo déi besonnech Freed iech hier Produiten ze presentéieren, sou wéi eis aner Kellereie mat deene mir schaffen, als eenzegen hei zu Lëtzebuerg. Profitéiert dovun hier Aarbecht kennenzeléieren, de Spumante Brut, de Pas Dosé, de Brut Rosé an speziell fir Leit déi op der Sich no engem Kado sin, eng Magnumfläsch La Dama Forestiera. Sou kurz virun de Feierdeeg kent der iech oder engem aneren mat enger Schmaachkëscht vun den 3 verschiddene Spumanti eng Freed machen. Méi Détailer zu de Wäiner fannt dir am Shop.









