De Kandlerhof gouf schonn am Joer 1278 als „Dornhof“ ernimmt a krut säin heidege Numm 1777 duerch de Joseph Anton Schlotterpöck, deen als Kandler, Zënngéisser, bekannt war. 1793 ass den Haff vum Johann Spornberger kaf ginn. Saitdeem, also méi wéi 200 Joer, ass den Haff a Familjenhand a kruut doduerch och an de 1990er Joren den Titel „Erbhof“. De Gregor Spornberger huet Enn 1960er Joren den éischte Wäin a Fläschen ofgefëllt a war domat ee vun de Virreider a Südtirol. Haut gëtt den Haff vu sengem Enkel, dem Hannes Spornberger a sengen Eltere Martin an Irene gefouert.
Den Hannes huet op der Uni zu Wien de Schwéierpunkt Wäinubau, Önologie a Wäiwirtschaft studéiert a säi Bachelor gemaach. Duerno stoungen eng Rei Stagen an Éisterraich a Südtirol um Programm.
D’Wäibierger vum Kandlerhof ëmfaasse ronn 2 Hektar Riewen déi am Pergolasystem ugebaut sinn. D’Bewirtschaftung vun de Wäibierger gëtt vun Hand op traditionell Aart a Weis gemaach. D’Wäiner ginn am ale gewiefte Keller ausgebaut a gelagert.
De Kandlerhof produzéiert circa 20.000 Fläsche Wäin pro Joer an ass domat dee klengste Betrib dee mat eis zesummeschafft. D’Wäiner si sprëtzeg, fruuchteg a sëffeg. Haus Nummer 1 huet nëmmen eng begrenzten Zuel Fläsche pro Joer zegutt. Dofir maacht iech bäi.
visit: https://www.kandlerhof.it/rogaadesign2015/

Sauvignon DOC – 2018

Firsi

St. Magdalener DOC – 2017
Lagrein DOC – 2017