Nach ass onkloer wat mat eisem klengen Haischen, grad emol 2,4 Meter breet a knapp 6 Meter déif, geschitt, mee et huet genuch Ausdrock a Charakter fir onsem klenge Wäin- an Olivenueleghandel sai Numm ze ginn. Wien wees, vielläicht entsteet enges Daags eppes méi doraus…
HAUS NUMMER 1 steet am Moment fir exzellenten Olivenueleg extra vergine aus der Toskana a fir eng Rei aussergewéinlech Wäiner och aus der Toskana, aus den Abruzzen, aus dem Alto Adige (Südtirol) souwéi neierdings
aus Apulien .
Mir schaffe mat 4 klenge Wënzerbetriber zesummen deenen hier Produiten dir zu Lëtzebuerg, exklusiv nëmme bei eis kritt.
Noom Héichwaasser vum 1. Juni 2018 kucke mer no fir an e puer klenge Renovatiounen hun ugefang. Mir bleiwen drun…
