Blog

HomeAllgemeinNEW WINE IN THE HOUSE

NEW WINE IN THE HOUSE

De September huet et a sech bei Haus Nummer 1.
Direkt 6 nei Wäiner këne mir ab elo ubidden. Sait zwee Joer sin ech a Kontakt met enger neier Kellerei, der Kellerei d’Araprì vu San Severo aus Apulien. Drai Frënn haate 1979 beschloss zesummen Spumante ze machen an hu lescht Joer hier 40 Joer gefeiert. Vun hinne bidde mer glaich 4 verschidden Spumanti un déi ab elo an den Dégustatioune bei iech doheem ze schmaache sinn. Vill Wert léeën sie op autochton Riewen, also Drauwen déi an der Regioun heemech sinn.
Och vun eisem Frënd, dem Nicola vu Jasci e Marchesani, der BIO-Kellerei aus den Abruzzen hu mer zwee nei Wäiner. Eemol den Trebbiano d’Abruzzo, ee liichte, fruuchtege Wäisswäin an ee Rosé Cerasuolo aus der Montepulcianodrauf. Béid Drauwen sin ursprünglech aus der Regioun an typesch fir déi Art vu Wäiner.

Wëllt dir dës Wäiner schmaachen, da mellt iech bei mir oder bestellt direkt iwwert de Shop op dëser Sait.

De Spumante vun D’Araprì get als Trio an enger Schmaachkëscht ugebueden, fir mat Kollegen oder eleng ze genéissen.

Och déi nei Wäiner vu Jasci e Marchesani kënt dir als Trio Schmaachkëscht bestellen. 1x Montepulciano d’Abruzzo (rout), 1x Trebbiano d’Abruzzo (wäiss) an den Cerasuolo d’Abruzzo (rosé).
Zaitgläich kënt och eng Schmaachkëscht Superiore mat 1x Chardonnay (wäiss), 1 x Pecorino (wäiss) an 1 x Nerubé (roud).