Chrëschtdagsstëmmung bei Haus Nummer 1
Nach e puer Wochen an da schreiwe mer ee neit Kalennerjoer. 2019 war enorm séier eriwwer, mee ech mengen dat seet een all Joer, oder? Wéi déi Jore virdrun och erënneren ech iech un déi gutt Produite vun eise Produzenten. D’Wënzer mat deene mir zesummeschaffen, Poggio Molina aus der Toskana, Jasci e Marchesani aus den Abruzzen an de Kandlerhof aus Südtirol, hu wéi déi Joer virdrun och, hier Drauwen an de Fässer a si mat de Wanteraarbechten am gaang. An der Toskana gin an dësen Deeg déi lescht Olive gepléckt a gepresst. Sollt dir an en eventuellen Enkpass kommen esou kuerz virun de Feierdeeg maacht nach séier är Commande…
Nëmme nach puer Fläschen hunn ech an der Reserve vun:
– Firsi 2018 – dee sëffegen Südtiroler Rosé aus Vernatsch mat enger Drëps Lagrein
– Le Caldie 2011 an 2014 – Ee groussen Toskaner Wäin aus Cabernet Sauvignon a Merlot
– Lo Scopaio 2014 – ee grousse Joergang geet zu Enn. Ab nextem Joer get et déi 2015er Cuvée aus Cabernet Franc, Sangiovese a Merlot.
– Autentico – Dee sprëtzegen Spumante aus den Abruzzen. Eng nobel Cuvée aus Pecorino, Chardonnay a Riesling.
Heivu gëtt et nach e bësse méi:
Kandlerhof – Famill Spornberger – Südtirol
– Sauvignon: dee fruchtege Wäissen
– Lagrein: dee kräftege Rouden mat der intensiver aubergine Faarf.
– St Magdalener: Ee liichte Rouden aus der Vernatschdrauf
Poggio Molina – Famill Bossini-Gori – Toskana
– Bellebolle: Spumante aus Pinot Griggio a Chardonnay
– Bucinello: dee markante Rosé aus Sangiovese
– Il bosco delle monache: Déi séiss rout Verféierung aus Merlot Drauwen. 50 Méint am Eechefaass
Jasci e Marchesani – Famill Jasci Nicola – Abruzzen
– Pecorino: dee fruchtegen aus de Bierger mam mineraleschen Afloss vum Mier
– Rudhir Chardonnay: Ee Chardonnay pas comme les autres…
– Montepulciano d’Abruzzo: een typeschen Abruzzo, 6 Méint am Eechefaass
– Nerubé: Dee grousse Brudder, selwechte Cépage awer 12 Méint am Faass. Méi kräfteg an allem
– Janù: Ee grousse Wäin, Montepulciano, 2x 8 Méint a jeeweils neien Eechefässer gelagert!
Sollt dir eng oder méi Fläsche fir an eng Corbeille brauchen oder einfach esou ze verschenken kënnt dir gären är eegen Degustatiounsbox zesummestellen.