BACK FROM ITALY

An der Woch vum 14.7 bis 21.7 war eng weider Italienrees ugesoot. Zesumme mam Patrick war ech ennerwee bei meng Wënzer fir flott Momenter zesummen ze erliewen an hier nei Produiten kennenzeléieren. An do hun ech direkt e puer Nouvellen.
– Kandlerhof – Südtirol
Ech haat d‘Chance nach e puer Këschte Firsi, dé wonnerbar sëffege Rosé aus der Vernatschdrauf ze ergatteren. Avis aux amateurs!! Fir next Joer mecht den Hannes Spornberger eis e puer Fläsche méi! Leider sin se erréicht am Abrëll 2020 ze kréien 😬


– Poggio Molina – Toskana


Ech war frou déi ganz Équipe vu Poggio Molina ze begéinen. D‘Famill Bossini-Gori këmmert sech mat vill Engagement a Méi ëm Wangerten an Olivebeem. Hei gët et direkt e puer Neiegkeeten.
Ab dësem Joër machen sie hiere Spumante, de Bellebolle selwer. Mir konnten eis een éischten Androck vun deem frësch agefëllte nach (Schaum)Wäin machen!! Freet iech drop, dee gët gutt!! Ab Mëtt 2020 ze kréien.
Dee neie Joergang vum Lo Scopaio kënnt Enn 2019 an Fläschen! Mir konnten e frësch aus dem Faass schmachen, ee Genoss!

Außerdem ass dee neie Le Caldie (Joergang 2015) färdeg agefëllt a waart op séng Étiquette! Demnext hei ze kréien. Vu senge Virgänger 2011 an 2014 si nach enzel Këschten do…

Wat mir nei war, ass dat ech bei béide Kellereien deen eenzegen auslänneschen Importateur sin. Daat weist hiert Vertrauen an eis Zesummenaarbecht.
Do dernierft hu mir och eng nei Kellerei besicht fir hier Wäiner ze schmachen. Verschiddener hun eis iwwerzeecht an déi mussen heiheem elo an den Härtetest, anerer net esou. Kellerei war an der Regioun Marche, net wait vun Ancona ewech. Mol kucke wat doraus get.


Och iwwert de Summer sin eis Wäiner an dee fantasteschen Olivenueleg ze kréien!
Wellt dir eng Dégustatioun am Hierscht bei iech doheem machen mellt iech bei mir.






