Ennerwee zu Ierpeldéng

Ee gutt gefëllte Sall op der Dégustatioun zu Ierpeldéng. De Firsi, ee Rosé vum Kandlerhof konnt ech als neie Wäin présentéieren an huet gudden Uklang fonnt. Well ech nemmen eng begrenzten Zuel Fläsche krut, geet et hei schon op de Rescht duer. Dee neie Firsi kent erréicht next Joer am März 😬 dofir avis aux amateurs!!! Thema vum Owend ware liicht Summerwäiner, déi gutt bei engem Barbecue oder einfach esou passen. Dégustatioun war wéi emmer eng Rees duerch 3 Régioune vun Italien. Toskana (Azienda Agricola Poggio Molina) Abruzzen (Jasci e Marchesani) a Südtirol (Kandlerhof). Dir kënt gären är eegen Dégustatioun bei iech doheem organiséieren oder eng Degustbox zesummestellen an eleng oder zu zwee oder am klenge Krees genéissen. Merci un den Organisateur vu geschter an all Uwiesend!! Bis geschwenn.
