Wine meets Art
Dëse Weekend haate mer eng grouss Dégustation beim Dit a René am Atelier zu Braneburg. Iwwer 30 Leit!! Wow, zu souvill ware mer nach nie. Wéi emmer hu mer eng Auswiel vun de Wäiner vun onsen 3 Wënzer présentéiert a geschmacht. Vill nei Leit hu mer kennegeléiert! Eng, wéi geng de René soen, mousseg Atmosphäre an der Mëtt vum Dit senge Biller a ganz léiwe Gäscht! Merci fir dee flotten, relaxen, moussegen Owend. 😉
Merci jiderengem deen deelgeholl huet.


