Blog

HomeAllgemeinÄddi 2020. Moien 2021

Äddi 2020. Moien 2021


De Joereswiessel ass ëmmer ee besënnleche Moment. Mir kucken zréck op ee méi wéi turbulent a komescht Joer a wat virun eis lait ass de Moment nach zimlech onkloer. Bedierfnëss no Normalitéit ass grouss. Och Haus Nummer 1 geng nees gäre „normal“ funktionéieren, bei iech heem kommen, Dégustatiounen am private Krees mat Frënn a Famill oofhalen… Mee nach ass et net esouwait, dofir geet de Verkaaf wéi gewinnt weider, heiheem, online iwwert email an sms…bleiwe mer optimistesch.
Verschiddenes huet sech bei Haus Nummer 1 a sénge Wënzer gedoen.
Um Kandlerhof gët vill geschafft an den Hannes Spornberger preparéiert déi eng oder aner Iwwerraschung fir déi next Joeren. De Nicola vu Jasci e Marchesani huet senge Wäiner ee Reelooking verpasst an iwwerrascht mat neien Etiketten, an d’Famill Gori-Bossini huet verschiddene Wäiner eng nei Séil agehaucht….Och d’Arapri brengt ee neie Spumante op de Maart, aus der Cuvée Sansevieria fir 40 Joer Bestéeën ze feieren ass ee neie Spumante Rosé fir de Verkaaf entstaan.
Aus verschiddene Grënn sti verschidde Wäiner 2021 nët méi um Menu. Sief et well de Wënzer se nët méi produzéiert, sie sech nët gutt verkaaf hun oder well se einfach nët méi passen… Dofir kommen dann awer nei Produiten an Platz. Ee klenge Wiessel ass heiandsdo nët schlecht… dofir…

BYEBYE

Autentico a Rhudir Chardonnay aus den Abruzzen

Bellebolle a Bucinello aus der Toskana.
(Et si nach eenzel Fläschen do, macht iech bai, et sin déi läscht)


HELLO

Cerasuolo (Rosé) an Trebbiano (Wäiss) aus den Abruzzen. Dës zwee liicht Wäiner si säit September op Stock. Dodurch dat keng Dégustatioune gemach këne gin awer nach ganz onbekannt. Profitéiert vun enger Schmachkëscht fir se doheem an aller Rou kënen ze testen.

Bellebolle (Spumante) a Bucinello (Rosé) aus der Toskana. Jo ok, just virdrun kruten se äddi gesoot a lo sie se erem do… jo, awer als neie Wäin, respektiv Spruddelwäin… De Bellebolle, de Spumante mat de schéine Bullen, gët dëst Joer fir d’eischt vu Poggio Molina selwer hiergestallt an de Bucinello, dee bësse méi staarke Rosé (14%) huet a sénger Kraaft an Alkoholgehalt oofgespeckt an ass zu engem agreablen Wengchen gin deen zu méi wéi engem Glas verleed.

Olio di oliva extra vergine, dee beléiften Olivenueleg aus der Toskana ass esouwäit färdeg. Bellebolle, Bucinello an Ueleg sin ab Februar normalerweis op Stock. Virbestellungen erlabt…

Haus Nummer 1 muss da leider, déi éischt Kéier an zwee Joer, séng Praisser erhéijen. Dëst bedéngt durch déi méi héich Transport- oder Akaafspräisser. Eis Präisser sin ëmmer esou opgestallt datt mir eenzel kleng Haussen opfänke kënen, dëst Joer musse mer dann awer upassen. Sorry !! Allerdéngs si sämtlech Wäiner vum Stock fir deen aale Präiss ze kréien.

2020 schéngt et, huet bei ville Leit een Emdenke ugeregt, daat allgemengt Konsumverhalen a Fro gestallt, déi kleng a lokal Commercen schätze geléiert… Hoffe mer dat dëst weiderhin esou positiv bleift a mir all weiderhin esou solidaresch matdenken…
Iech alleguer ee gesond a spannend Joer 2021. Ee ganz grousse Merci fir är generéis Ennerstëtzung. Bis geschwën…

No Comments

POST A COMMENT

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.