Blog

HomeAllgemeinCORONA-RESCUE-PACK

CORONA-RESCUE-PACK

Nei Mesure brenge fir jidereen een Emdenke mat. Fir d’HAUS NUMMER 1 brengen d’Emstänn mat sech dat et dëst Joer nët méiglech ass weider Privatdégustatiounen ze machen. Leider, well dës Soiréen waren ëmmer interessant a flott fir d’Gäscht a fir mech och.
Fir dës Zait trotzallem ze packen bidd HAUS NUMMER 1 iech ee besonnje Rescue-Pack un, eng Schmaachkëscht fir am klenge Krees ze dégustéieren.
DUO – Fir déi liicht duuschtreg
1 Spumante an 1 Wäin ärer Wiel
z.B. Spumante Brut a Lo Scopaio – 42,38€
TRIO – Fir déi méi duuschtreg ënner iech
1 Spumante, 1 Wäissen an 1 Rouden
z.B. Spumante Brut Rosé, Trebbiano, Lagrein – 46,32
QUATTRO – Fir déi ganz vill duschtreg
1 Spumante, 1 Wäissen, 1 Rosé, 1 Rouden
z.B. Spumante Pas Dosé, Sauvignon, Bucinello, Nerubè – 61,02€

Zu all Wäin kritt dir Infoen iwwert de Wënzer a séng Produiten.

All Schmaachkëscht kënt dir no ärem Gusto zesummestellen a mat sou vill Leit schmaache wéi dir wëllt, ëmmer ënner Rücksicht vun de sanitäre Moosnahmen.
Mëttlerweil schafft HAUS NUMMER 1 mat 4 Wënzer zesummen a verkeeft 22 verschidde Produiten. Nierft de Schmaachkëschten kënt dir all Wäin an der Këscht mat 6 Fläsche bezéien.
Ënnerstëtzt de lokale Commerce.

No Comments

POST A COMMENT

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.